< retour
D’'Journées du livre et du droit d’auteur' ginn tëscht dem 22. an dem 25. Abrëll 2025 organiséiert. Dës Editioun steet ënnert dem Motto 'Grouss a kleng Helden'.
D’Evenement riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.
Jidderee vun eis huet eng Virstellung dovunner, wat en Held ass: grouss, staark, couragéiert...
Mee muss een deem Bild entspriechen, fir en Held ze sinn? Muss een eng Superkraaft hunn?
Et gi berüümt Helden an der Geschicht awer och engagéiert Helden an der aktueller Gesellschaft, déi sech fir Gerechtegkeet a Mënscherechter, géint Rassismus, fir d’Natur etc. asetzen.
Et ginn awer och vill aner Helden: Leit, déi hir heldenhaft Dot am Stëlle gemaach hunn an déi duerfir net geéiert oder berüümt goufen. Verschiddener hunn duerfir negativ Konsequenze missen erdroen. Et ginn och Kanner, déi sech als Helden erwisen hunn.
An Déieren als Helden oder mat Superkräfte kennt een och.
Da gëtt et och nach d’Alldagshelden: Léit, déi d’Hëllefen zur hirem Beruff gemaach hunn an déi sech konsequent fir anerer asetzen: Fleegepersonal, Pompjeeën, Dokteren, d’Police...
Am Fong ka jidderee vun eis och duerch eng ganz extra Dot selwer zum Held ginn.
Dir fannt am PDF-Dokument ënnen op der Säit eng Bibliographie mat Kannerbicher zum Theema 'Helden: reell Helden, Helden am Alldag, Fantasyhelden & Superhelden, Kanner als Helden, Déieren als Helden'.
Vill aner Bicher, och zu den aneren Aspekter vum Theema, sinn awer ganz sécher och an de Schoulbibliothéiken ze fannen.
Méi Informatiounen a konkret Iddie fir d'Journées du livre et du droit d'auteur fannt Dir am PDF-Dokument 'Journées du livre et du droit d'auteur 2025: Modalitéiten' ënnen op der Säit.
Mir wënsche vill Freed bei den Aktivitéiten a soen elo scho Merci fir d’Matmaachen.