< retour
No enger intensiver Aarbecht an de Schoulen, wou d’Kanner sech mam 'Dash'-Roboter a mat der Grondlag vun der Robotik vertraut gemaach hunn, hunn sech sechs motivéiert Ekippe fir déi grouss Finall de 27. Abrëll 2025 op der 'D’YEP! Schoulfoire' qualifizéiert.
An der spektakulärer Finall huet sech d’Ekipp DashHackers aus der Grondschoul Schieren duerchgesat.
D’Organisateure soen all de Participanteën a Participanten e grousse Merci: D’Begeeschterung an d’Kreativitéit vun de Kanner hu gewisen, wat alles méiglech ass, wann Technik an Teamwork zesummespillen.
D’Aschreiwung fir den 'Dash Live Challenge' 2025-2026 leeft deemnächst un. Méi Informatioune fannt Dir ënnert dësem Link.
Den 'Dash Live Challenge' ass eng dynamesch Kompetitioun am Beräich vun der Robotik fir Kanner aus dem Cycle 3 vum Enseignement fondamental, déi vum SCRIPT organiséiert gëtt.
Hei kréien d’Schülerinnen an d’Schüler d’Méiglechkeet, d’Basiskonzepter vun der Informatik ze verstoen a se ze benotzen, fir Problemer ze léisen. Eng Robotik-Aktivitéit entwéckelt Fäegkeeten am logeschen Denken, Problemléisen, Teamwork an am Beräich vun der Kreativitéit. Et sinn dës interdisziplinär Fäegkeeten, déi och zentral an Domäine wéi der Mathematik, de Naturwëssenschaften an de Sprooche sinn.
Wärend dem Challenge entdecken d‘Kanner dem 'Dash'-Roboter seng villfälteg Funktiounen, maachen éischt Schrëtt an der block-baséierter Kodéiersprooch a léisen am Team Erausfuerderungen op eng kreativ Aart a Weis.