Actualités

En Dag am Zeeche vun der Beweegung

''
10/06/2025

Am Kader vun der 3. 'Nationaler Beweegungswoch' gouf de 4. Juni 2025 de grousse 'Beweegungsdag' um Institut national des sports (I.N.S.) organiséiert. De SCRIPT, de Sportsministère an de Sportlycée haten invitéiert.

De groussen Highlight war d’Finall vun der 'LEVEL-UP-Challenge' 'Déi beweeglechste Klass 2025'. Hei waren d’Kanner vu Beefort (2x), Stengefort a Miersch déi bescht.

Iwwer 400 Kanner haten de ganzen Dag bei bal dréchenem Wieder a beschtem Catering vill Spaass a konnten sech bei ënnerschiddleche Sportaarten a Beweegungsatelieren auspoweren.

E grousse MERCI op dëser Plaz u jiddereen, dee gehollef huet, dass et fir d'Kanner e besonneschen Dag bleiwe wäert.

Weider Informatiounen a Fotoe ginn et ënnert dësem Link.

Contact