Actualités

Presentatioun vum neie 'WibS'-Projet

© Menje
24/06/2025

Zwee Deeg laang war d''WibS'-Ekipp vum SCRIPT zu Diddeleng um Strutzbierg. 'WibS' ass den neie Beweegungsprojet vum SCRIPT a bedeit: Wibbelen an intelligent beweegen an der Schoul.

Bei beschtem Wieder konnte 17 Klassen aus dem Cycle 1-4 ausprobéieren, wat 'WibS' genee ass.

Den 19. Juni 2025 koum den Educatiounsminister Claude Meisch d'Schoul besichen, an huet sech e Bild vum fuschneie Beweegungsprojet gemaach. Hie krut souwuel am Schoulhaff, an der Klass (dobaussen), wéi och an der Sportshal gewisen, wéi aktiv a motivéiert déi Diddelenger Kanner waren.

Ab der Rentrée 2025/2026 wäert de 'WibS'-Projet fir d’Grondschoule buchbar sinn. Wann dir och gär de 'WibS'-Projet an är Schoul wëllt kréien, da kuckt reegelméisseg op www.beweegung.lu ran, well virun der Summervakanz ginn d'Aschreiwungen op.

Contact