< retour
Am Cycle 4 vum Enseignement fondamental ass dëst Joer eng nei an dynamesch Initiativ un de Start gaangen: 'Wat sees du? Debate Club'.
Duerch déi proposéiert Aktivitéiten entwéckelen d’Kanner net nëmmen hir Sproochkompetenz, mee och hiert kritescht Denken, Empathie an Teamgeescht – Fäegkeeten, déi si hiert ganzt Liewe begleede wäerten.
10 Klassen hunn sech op dëst Abenteuer agelooss. An dräi Interventiounen an der Klass goufen d’Schülerinnen an d’Schüler op spilleresch a pedagogesch Aart a Weis un d’Technike vum fairen Diskutéieren erugefouert.
D’Resultater vun dëser éischter Editioun sinn elo op der Internetsäit vum 'Piwitsch' ze fannen. Hei kënnt dir iech d’Debatten ukucken an nolauschteren, wéi d’Klassen hir Positiounen zu spannende Froestellunge verdeedegen. Weider Debatte ginn an de nächste Wochen online gesat.
Wéi eng Säit iwwerzeegt dech am meeschten? Gëff dengem Favorit eng Stëmm – deng Meenung zielt!