< retour
Am Kader vun der Finall vun der 20. Editioun vum 'Virliesconcours', dee vum SCRIPT a Collaboratioun mat de Regionaldirektiounen organiséiert gëtt, ass de 'Kanner- a Jugendliteraturpräis' den 1. Juli 2025 am Ariston zu Esch-Uelzecht iwwerreecht ginn.
Dëse Präis, deen zënter 2022 all Joer vum SCRIPT op d’Been gestallt gëtt, ass Deel vun enger ganzer Rei vu Projeten, déi d’Lëtzebuerger Sprooch an der Grondschoul an am Lycée fërderen. Ausgezeechent ginn Texter, déi sech besonnesch gutt fir den Asaz an educativen Zesummenhäng eegnen.
De Luc François konnt d’Jury vun der drëtter Editioun mam Text 'Äddi' iwwerzeegen. Hien huet dem Public eng fir Grondschoulkanner adaptéiert Versioun virgelies – déi mat Begeeschterung nogelauschtert gouf.
Mir gratuléieren dem Auteur nach eng Kéier häerzlech fir dëse wuelverdéngte Präis.