Actualités

'EQUALL': Atelier pédagogique 2025-2026

''
22/09/2025

Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer ass eng Grondlag fir eng gerecht Gesellschaft. Mat 'EQUALL – Alles sinn, alles ginn' gëtt dëst Thema fréi an d’Schoul gedroen.

De Projet kann am Enseignement fondamental agesat ginn, fir:

  • Geschlechterstereotyppe sichtbar ze maachen,
  • se ze hannerfroen,
  • a Perspektiven opzeweisen, déi d’Chancëgläichheet stäerken.

D’Zil: D’Kanner solle gesinn, datt all Kand alles ka ginn – onofhängeg vum Geschlecht.

Inscriptiounen 2025-2026

Vun der Rentrée 2025-2026 u ginn d’Atelieren een- bis zweemol d’Woch mëttes an de Cyclen 2–4 ofgehalen.

Interesséiert? Fëllt de Formulaire d’inscription aus. Prioritéit hu Klassen, déi nach net matgemaach hunn.

Fir méi Informatiounen: mary.faltz@men.lu.

Contact