Actualités

'BNE Days' – eng Woch voller Iddie fir eis Welt nohalteg, gerecht an zukunftsorientéiert ze gestalten

''
13/10/2025

Vum 16. bis den 20 Mäerz 2026 gëtt fir déi alleréischte Kéier zu Lëtzebuerg eng Woch vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) organiséiert, dëst an enker Zesummenaarbecht tëschent dem Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité, dem Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur (Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire) an dem Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et da la Jeunesse (IFEN, SNJ a SCRIPT).

Dat neit Konzept vun de 'BNE Days' berout op dräi Pilieren:

  • Den 'BNE Networking' (fréier 'BNE Foire') bitt ONGen, Administratiounen an edukative Strukturen net nëmmen d’Méiglechkeet hir Projeten am Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung  op engem interaktive Stand virzestellen, mee och sech vun de pädagogeschen Offere vun aneren Organisatiounen inspiréieren ze loossen. Donieft sinn de ganzen Dag iwwer Austauschmomenter zu de verschiddensten Theme virgesinn. 
  • Mam 'BNE Training' kréien Enseignanten an Educateure gläichzäiteg d’Geleeënheet sech an den ënnerschiddlechste Beräicher vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung weiderzebilden. Nei Inhalter a Formater suerge fir déi néideg Attraktivitéit.
  • Am Kader vun der 'BNE Youth-Woch' stelle ginn déi ënnerschiddlechst Projeten an Aktivitéiten aus dem formellen an non-formelle Kanner- a Jugendberäich an de Vierdergrond gestallt. Niewent Workshops, Visitten an Expoe stinn och Rallyen a Challengen um Programm - an dëst am ganze Land, esou datt all Schoul, Maison Relais oder Jugendhaus interessant a motivéierend Angeboter aus den ënnerschiddlechsten Themefelder vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung  an direkter Ëmgéigend fanne kann. D’Enseignanten an Educateure kënnen hir Schüler/Gruppe vu Jonker ab Januar iwwer de Site www.bne.lu aschreiwen.

Wann Dir e Stand, eng Formation continue an/oder eng Aktivitéit fir Jonker wärend de 'BNE Days' ubidde wëllt, schreift Iech wgl. bis den 10. November 2025 hei an.

Fichiers à télécharger

Contact