< retour
De 'Kanner- a Jugendliteraturpräis' wëllt d’Schreiwe vu literareschen Texter op Lëtzebuergesch fërderen an d’Offer vu literareschen Texter op Lëtzebuergesch an de Schoulen erweideren.
De Concours gouf 2022 vum SCRIPT an d’Liewe geruff. E riicht sech un all Auteur an Autorin, déi den Ament vun der Ausschreiwung op d’mannst 16 Joer al sinn.
Fir d’Editioun vun 2025 gi 'Virliesgeschichte', also kuerz Erzielungen a Gedichter op Lëtzebuergesch, déi dofir geduecht sinn, vum Léierpersonal an der Klass virgelies ze ginn. Den Délai, fir Texter eranzereechen, ass den 02. Februar 2026.
De Reglement an d’Conditiounen, fir beim Concours matzemaachen, sinn disponibel ënnert dësem Link.
Kontakt: kjlp@script.lu.