Actualités

Appel à projets: Innovativ Projete gesicht!

''
13/11/2025

Du hues eng gutt Iddi, mä weess net wéis Du se ëmsetze kanns?

De SCRIPT ass frou fir Dir ze hëllefen a lancéiert en Appel à projets, deen d’Zil huet, pädagogesch Innovatioun an de Schoulen ze fërderen an z’ënnerstëtzen.

Déi beschten Innovatiounen entstinn oft direkt um Terrain, aus den Iddien an dem Engagement vun de Léierpersounen an Direktiounen, meeschtens am klenge Krees. Si kënnen awer nach méi Wierkung entfalen, wann se encadréiert, gedeelt a begleet ginn. Dem SCRIPT ass et wichteg, mat de Schoule fir d’Schoulen z’innovéieren.

Dofir invitéiere mir all Acteuren aus der formaler Bildung, hir Iddie fir d’Schoul vu muer anzereechen. Déi bescht Iddie wäerte vum SCRIPT fachlech a praktesch ënnerstëtzt ginn, fir dass aus enger Iddi eng konkret Realitéit fir d’Schülerinnen a Schüler ka ginn.

Du kanns lo a bis de 15 Januar 2026 Däin Projet iwwert de Formulaire ënnen op der Säit op inno@script.lu eranreechen. Mir freeën eis op Däin Projet an Deng Iddie fir d’Schoul vun der Zukunft.

Fichiers à télécharger

Contact