< retour
D’'Walfer Bicherdeeg' sinn am November net méi aus dem SCRIPT-Kalenner ewechzedenken.
Och dëst Joer, de 15. a 16. November 2025, hu mir op eisem Stand e puer flott Neiheete ronderëm d’Bicher an d’Liese virgestallt:
'Allerhand' – den neie Band ass do! De siwente Band vun eiser Bicherrei ass frësch verëffentlecht an ëmfaasst eng Sammlung vun Déierefabelen aus der lëtzebuergescher Literatur vum 19. Joerhonnert. Natierlech konnten d’Visiteuren och déi sechs vireg Bänn entdecken.
'Flott' & 'Flott Flott' Déi zwou nei Textsammlunge fir de Cycle 3 a 4 vun der Grondschoul bidden thematesch sortéiert Texter op Lëtzebuergesch, inklusiv Audio-Versiounen iwwer QR-Coden. Ideal fir modern a motivéierend Liesübungen!
'De Reenert' – nei opgeluecht E grousse Klassiker an engem neie Gewand: De SCRIPT huet eng kommentéiert an illustréiert Editioun vum 'Reenert' erausginn.
'Lies a fléi' – elo online Eise bekannte Katalog mat lëtzebuergesche Kannerbicher gëtt et elo als dynamesch Online-Datenbank op: www.liesen.lu.
Freides, de 14. November 2025, stoungen d’Diere vun de 'Walfer Bicherdeeg' exklusiv fir d’Lycéeën op. All d’Editeuren an ëffentlech Partner ware mat hire Stänn fir d’Lycéesklasse present. Zil war et, de Kanner a Jugendlechen d’Welt vun der Literatur méi no bréngen.
Méi wéi 300 Schüler a Schülerinnen, vu spezialiséierte BTS-Klasse bis hin zu Klasse vun 3ième, 2ième an 1ière aus den A-, E- a F-Sektiounen an och 7ième-Klassen, hunn un dëser 'Matinée scolaire' deelgeholl, déi vum SCRIPT co-organiséiert gouf.
D’Schüler an d’Schülerinnen vun de 7ièmes-Klasse konnte bei engem flotte Quiz-Rallye hiert Wëssen testen an ausbauen. Et goufen och Masterclasses zu Theeme wéi Schrëftstellertum, Journalismus, Verlagswiesen a Graphic Design stoungen um Programm.
E weidert Highlight war de Virtrag vum Nathalie Jacoby (Centre national de littéreture) iwwer d’Lëtzebuerger Literatur.