Actualités

Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) – wat ass dat?

''
18/12/2025

Bildung fir nohalteg Entwécklung (op Franséisch 'Éducation au développement durable', op Englesch 'Education for sustainable development') ass e grad esou abstrakt wéi komplext Konzept.

An awer ass dëse Begrëff déi lescht Joren ëmmer méi present an eise pädagogeschen a politeschen Discoursen.

Wat genau ass Bildung fir nohalteg Entwécklung? Wat sinn hir Ziler? Wat sinn hir Fundamenter? Wéi verännert si eisen Unterrecht an eis Léierkultur?

De SCRIPT huet eng ganz Video-Serie zum Thema BNE produzéiert, fir iwwer d’Missiounen, d’Inhalter an d’Léiermethode vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung opzeklären. Den éischte Video 'BNE - Bildung fir nohalteg Entwécklung: Verstoen, Verantwortung iwwerhuelen, Zukunft gestalten' kënnt Dir Iech ënnert dësem Link ukucken.

Weider Informatioune sinn op www.bne.lu ze fannen.

Contact