Actualités

Den éischte 'Piwitsch' vum Joer 2026 ass do!

''
15/01/2026

Am neie 'Piwitsch' si nees vill spannend Themen dran!

Nodeems schonn e puer Sënner virgestallt goufen, steet an dëser Editioun d’Nues um Programm. Firwat ass si wichteg a wat kann si alles?

An e puer Wochen ass et nees esou wäit. Di olympesch Wanterspiller starten nees – dës Kéier an Italien. Liest wou genee d’Sportler a Sportlerinnen sech versammelen a wéi et eigentlech mat de Medaile vun de lëtzebuergeschen Athleten an Athletinnen ausgesäit.  

'De Piwitsch' huet awer och eng Kannerfro beäntwert: Wéi funktionéiert e Waassertuerm? Natierlech dierfen do Fotoe vun e puer besonnesche Waassertierm net feelen. A wann Dir Loscht hutt, en eegene klenge Waassertuerm ze bauen, da fannt Dir am 'Piwitsch' eng Uleedung. 

Wien huet se net gär: Pizza, Pasta a vill aner Leckereien. Fir Mënsche mat Zöliakie ass net esou einfach welll si kënne kee Gluten iessen.  'De Piwitsch' huet mam Léini geschwat dat zënter ville Joren Zöliakie huet. 

An och zwee spannend Beruffer léiert Dir am neie 'Piwitsch' kennen. Eng Klass vum Helperknapp huet d’Glasbléiserin Pascale Seil an hirem Atelier besicht. An 'De Piwitsch' war op Besuch beim Danielle Köller-Willems an huet sech ugekuckt wat een als Buchbënner alles esou mécht.

Eng Liesgeschicht dierf natierlech och net feelen. Dës Kéier huet d’Anne-Marie Reuter eng Geschicht fir 'De Piwitsch' geschriwwen.

'De Piwitsch' wënscht vill Freed beim Liesen!

 

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Projet, fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement Fondamental ze stäerken. Eis Missioun ass et, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Wann Dir Loscht hutt, är Klass fir eng Mini-Redaktioun anzeschreiwen, klickt op dëse Link.

Elo  gëtt et 'De Piwitsch' online souwuel op Däitsch wéi och op Franséisch an Dir kënnt Iech och op d’Newsletter vun der Kannerzeitung abonéiere fir ëmmer um Lafenden ze sinn.

Sollt Dir Froen hunn, kënnt Dir Iech gäre bei der Ekipp vum 'Piwitsch' per Email op info@piwitsch.lu mellen.

Contact