Actualités

'Silent Drama Kopfhörer' am Asaz

''
26/01/2026

D’Kanner vum Cycle 4.1 aus der Grondschoul vu Miersch hu mat Begeeschterung a grousser Freed vun de 'Silent Drama Kopfhörer', déi am Kader vun der Initiativ 'APPLAUS' ugebuede ginn, profitéiert. 

E ganze Moie konnten d’Schüler an d’Schülerinnen aus der Schoul Cécile Ries mat Hëllef vun dëse besonnesche Kopfhörer Erfarungen am Beräich Bünekonscht maachen. Si konnten sech, mat Ënnerstëtzung vun dësem pedagogeschen Outil, ganz fräi a kreativ matdeelen an esou wichteg Kompetenzen an de Beräicher Theater, Musek a Beweegung, wéi och allgemeng fachiwwergräifend Kompetenzen, weiderentwéckelen.

Och d’Léierpersoune waren iwwerzeegt vun dëser Offer well d’Kanner hei d’Méiglechkeet kréien, sech op eng nei Aart a Weis kreativ ze engagéieren. Zousätzlech ginn d’Kopfhörer de Schüler ee Gefill vu Sécherheet, dat hinnen hëlleft, sech iwwer hier kreativ Grenzen eraus ze trauen.

Contact