Actualités

Succès vum 'Beweegungs-Adventskalenner' an dem 'Applaus-Adventskalenner'

''
15/01/2026

D’Adventskalennere vum SCRIPT – de 'Beweegungs-Adventskalenner' an den 'Applaus-Adventskalenner' – sinn an der Adventszäit op groussen Zousproch gestouss.

Am Ganze gouf de 'Beweegungs-Adventskalenner' bal 5.000 Mol ugeklickt, an den 'Applaus-Adventskalenner' souguer bal 6.000 Mol. E groussen Interessi also vun de Léierpersounen un dëse pedagogeschen Offeren!

De 'Beweegungs-Adventskalenner' hat als Zil, Kanner och an der kaler Joreszäit dozou ze encouragéieren, sech reegelméisseg ze beweegen. All Dag gouf eng kuerz, einfach ëmsetzbar Beweegungspaus proposéiert, déi souwuel an der Schoul, doheem, wéi och am Fräie konnt ëmgesat ginn.

Parallel dozou huet den 'Applaus-Adventskalenner' fir all Schouldag bis d’Chrëschtvakanz eng kreativ Aktivitéit aus de Beräicher Musek, Theater oder Danz ugebueden. Dës kuerz a flexibel Unitéite goufen esou konzipéiert, datt si sech einfach an de Schoulalldag integréiere loossen an un d’Bedierfnisser vun de Klasse kënnen ugepasst ginn.

Mat dësen zwou Initiativen huet de SCRIPT de Léierpersoune praktesch a motivéierend Instrumenter un d’Hand ginn, fir Beweegung, Kreativitéit a Wuelbefannen an der Adventszäit geziilt ze fërderen.

Contact