Actualités

Kick-off-Event: 'MATHI' fir de Cycle 2

''
10/02/2026

Dat neit 'MATHI'-Material gëtt de 5. Mäerz 2026 tëscht 15:00 bis 17:00 Auer am Forum Geesseknäppchen virgestallt.

'MATHI' gouf speziell fir de Mathematiksunterrecht an de Lëtzebuerger Grondschoulen entwéckelt. 'MATHI' steet fir eng innovativ Approche, déi d’Léiere vun der Mathematik an de Cyclen 1 bis 4 nei denkt an et erméiglecht, d’Kompetenzen nohalteg z'entwéckelen.

D’Material gouf vum SCRIPT zesumme mat Enseignanten an Enseignanteën ënnert der Berodung vu Wëssenschaftler entwéckelt. Et huet d’Ambitioun, d'Léierpersonal am Alldag optimal z'ënnerstëtzen, fir méi Zäit fir d’Aarbecht mat de Schüler a Schülerinnen ze gewannen.

Um Kick-off gëtt op déi didaktesch a pedagogesch Innovatioune vum 'MATHI'-Konzept agaangen an déi eenzel Elementer vum 'MATHI'-Package fir de Cycle 2, deen am Summer 2026 erschénge wäert, presentéiert. Ausserdeem ginn d'Zäitschinn vun de 'MATHI'-Materialie fir d’Cyclen 3 a 4 esou wéi och dat geplangte Formatiounskonzept am Kader vum 'MATHI'-Projet virgestallt.

Well d’Plazen, fir um Kick-off deelzehuelen, limitéiert sinn, ass eng Umeldung iwwert dëse Link erfuerdert.

Contact