< retour
De SCRIPT huet fir d’'Journées du livre et du droit d’auteur 2026' d’Aktioun 'Liesen a Liewen am Däischteren' an de Grondschoulen grad wéi an de Lycéeë lancéiert.
Bei 'Liesen am Däischteren' geet et engersäits ëm d’Liesen am Däischteren, owes virum Schlofegoen oder vläicht bäi enger Liesnuecht. Et geet awer och ëm d’heemlecht Liesen – dann nämlech, wa verschidde Bicher verbueden an esouguer aus (Schoul)bibliothéiken erausgeholl ginn. Vill vun den Bicher, déi aktuell 'banned books' sinn, sinn dat aus Grënn vun Ideologie an Intoleranz.
'Liesen am Däischteren' begräift dann d’Liewen an der Nuecht, dat eis dacks geheimnisvoll schéngt. D’Däischtert gëtt et awer och déif am Buedem oder ënnert dem Mier, an och do ass vill (fantastescht) Liewen.
Dëst ass just eng kuerz Ëmschreiwung vum Theema, dat 2026 am Mëttelpunkt vun de Journéeë steet.
53 Grondschoule, respektiv Centres pour le développement intellectuels (CDI), mat méi wéi 520 Klassen an 9 Lycéeë maachen 2026 un der Aktioun 'Liesen a Liewen am Däischteren' mat an hu sech ugemellt. Si hunn deels scho villfälteg Programmer annoncéiert, déi vu Concoursen iwwer Liesungen, Atelieren a vill Aktivitéite soss ginn. Et geet ë.a. ëm Liesnuechten, awer och ëm d’Theema 'Banned'.
Eng weider Facette vu 'Liesen am Däischteren', déi mir net genannt haten an déi awer ganz relevant ass, gëtt och behandelt : d’Liewen a d’Liese vu blanne Leit oder Leit, déi schlecht gesinn. Domatter ass de Sujet vun de Schoulen um Terrain nach ganz erweidert ginn.
E grousse MERCI vum MENJE un all Schoule fir d’Matmaache bei der Aktioun!
Beeforter Buergfénkelcher (Beaufort) / École fondamentale de la commune de Berdorf (Berdorf) / Biisser Schoul (Bissen) / Zentralschoul Buurschent (Bourscheid) / Schoulzenter Reiler (Clervaux) / Centre scolaire Grand-Duc Henri (Colmar-Berg) / École fondamentale Am Weier (Commune de la Vallée de l’Ernz) / Campus scolaire de la commune de Dalheim (Dalheim) / École fondamentale Differdange-centre (Differdange) / École fondamentale Oberkorn (Differdange) / Ecole Centrale de Schouweiler (Dippach) / École Boudersberg (Dudelange) / École Strutzbierg (Dudelange) / Centre pour le développement intellectuel – Annexe Echternach (Echternach ) / Schoul Um Fräschepillchen (Ell) / École fondamentale Bruch (Esch-sur-Alzette) / École fondamentale Lallange (Esch-sur-Alzette) / Centre pour le développement intellectuel Warken (Ettelbruck) / Angsber Schoul (Fischbach) / École Fondamentale de la Commune de Frisange (Frisange) / École Garnich (Garnich) / Maacher Schoul (Grevenmacher) / Schoul vun der Gemeng Hiefenech (Heffingen) / École d'Alzingen (Hesperange) / Schoul Jonglënster (Junglinster) / Fielser Schoul (Larochette) / École fondamentale de la commune de Lenningen (Lenningen) / École fondamentale de Leudelange (Leudelange) / École fondamentale Beggen (Luxembourg) / École fondamentale Bonnevoie Gellé (Luxembourg) / École fondamentale Hamm (Luxembourg) / International School Michel Lucius (Luxembourg) / Ecole fondamentale - Campus scolaire Capellen (Mamer) / École de Mersch (Mersch) / École de Mondercange (Mondercange) / École de Mondercange - bâtiment Pontpierre (Mondercange) / École fondamentale Am Sand (Niederanven) / Schoulcampus Noumer (Nommern) / Schoul Lamadelaine (Pétange) / École Kleesenberg (Reckange-sur-Mess) / École de Roeser – bâtiment Crauthem (Roeser) / École fondamentale de la commune de Rosport-Mompach (Rosport-Mompach) / Zentralschoul (Sandweiler) / Zentralschoul Remerschen (Schengen) / École Nelly Stein (Schifflange) / École fondamentale Billek (Syndicat Billek Dreiborn) / Ëlwenter Schull (Troisvierges) / Useldenger Grondschoul (Useldange) / Veiner Schull (Vianden) / Schoul Um Sonnegäertchen (Vichten) / Michel-Rodange-Schoul Waldbëlleg (Waldbillig) / Wämper Schull (Weiswampach) / Schoul um Kiemel (Wincrange)
Athénée de Luxembourg / École privée Fieldgen / Lycée classique d’Echternach / Lycée Ermesinde / Lycée Guillaume Kroll / Lycée Nic-Biever Dudelange / Lycée Technique Agricole / Lycée Technique du Centre / Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales