Actualités

Neiegkeeten zum Plan d'études an der Grondschoul

''
18/03/2026

Presentatioun an der Chambre des Députés

De 24. Februar 2026 gouf den neie Plan d’études fir den Enseignement fondamental an der Chambre des Députés virgestallt. Am Kader vun enger Reunioun vun der Commission de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse goufen d’Aféiere vu siwen transversalen Theemefelder, souwéi d’Lancéiere vun der digitaler Plattform www.plandetudes.lu, déi als outil 'opérationnel' fir d’Enseignanten an d’Enseignanteën dénge soll, begréisst.

 

Pressekonferenz

Den neie Léierplang fir de Fondamental trëtt ab der Rentrée 2026/2027 no a no a Kraaft. Bei enger Pressekonferenz de 6. Februar 2026 hunn de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, d’Print-Versioun presentéiert a sinn op d’Detailer vum neie Plan d’études agaangen.

 

Optakt vun Informatiounssessioune fir d'Léierpersonal am Fondamental

Fir den Acteuren um Terrain den neie Plan d’études méi no ze bréngen, gi säit Februar a nach bis Juni 2026 Informatiounsveranstaltungen ofgehalen. An dësem Kader ginn d’Leitlinnen an déi strukturell Prinzippie vum neie Léierplang presentéiert. D’Veranstaltunge sollen de Participanten och d’Méiglechkeet ginn, fir Froen ze stellen a sech auszetauschen.

Fir déi sechs éischt Informatiounssessioune zum neie Léierplang ware knapp 1.000 Participanten ageschriwwen. Déi nächst zwou Versammlungen sinn den 23. Abrëll 2026 am Lycée Nic-Biever virgesinn. Ënnert dësem Link kënnt Dir Iech umellen.

Dir wëllt méi Informatiounen zum Plan d’études? Dann kuckt laanscht op www.curriculum.lu.

Contact