Actualités

Nei Membere fir d'Commissions nationales de l’enseignement fondamental (CNEF) gesicht

''
08/06/2026

Ab der Rentrée 2026-2027 geet déi nei Mandatsperiod vun de Commissions nationales de l’enseignement fondamental (CNEF) un, an et ginn am Virfeld nei Membere fir déi siwe Kommissioune gesicht.

Dir sidd Enseignant/ Enseignante a géift gär Impulser setze fir den Enseignement Fondamental? Zu de Missiounen zielen nieft dem Plan d’études och den Iwwergang an de Secondaire souwéi weider Voleten.

Bis de 15. Juli 2026 kënnt Dir Är Kandidatur fir e Posten als Membre effectif ënner cnef@script.lu erareechen.

Detailer zum Rekrutement esou wéi eng Virlag vun der Lettre de Candidature fannt Dir op www.curriculum.lu. 

Contact