< retour
Dräi, zwee, eent… SOUNDCHECK!
Mat ganz vill Energie a Freed un der Musek hu ronn 900 Kanner aus dem Cycle 4 vum 30. Juni bis den 2. Juli 2026 déi nei Offer vun de pedagogesche Concerte 'Soundcheck' vum SCRIPT agelaut.
Eng professionell Band huet wärend deenen dräi Deeg am Mierscher Kulturhaus zesumme mat enger Moderatorin an engem Moderator de Public begeeschtert a matgerappt.
Wärend der Mëschung aus Concert a Bünespill goufen déi Jonk villes iwwer verschidde Stiler wéi Rock, Pop, Hiphop an Elektro gewuer. Den Organisateure vum SCRIPT-Projet 'Applaus' war et iwwerdeems wichteg, dass d’Kanner heibäi net just d’Musek mat de verschiddenen Instrumenter an déi ënnerschiddlech Stiler besser kenne léieren, mee och erliewen dierfen, wéi vill Spaass een op engem Liveconcert kann hunn.
Ënnert dësem Link kënnt Dir Iech e kuerze Video iwwert de Projet ukucken.