< retour
Wärend dem Schouljoer 2025-2026 hunn sech iwwer 450 Jonker am Alter vu 6 bis 25 Joer fir de Klimaschutz an d’Sensibiliséierung zum Klimawandel agesat.
Esou si 37 ganz aussergewéinlech Projeten entstan, vun enger Kleedertauschbörse iwwer d’Begréngung vum Schoulhaff bis hin zu enger Simulatioun der Weltklimakonferenz. Hei kritt Dir en Abléck an d’'BNE Awards 2026'-Projeten*.
Op der Präisiwwerreechung den 8. a 9. Juni 2026 am Forum Geesseknäppchen konnten déi Jonk hir Projeten nach eemol virstellen. Den Aftermovie vun dësem grad esou emotionalen ewéi onvergiessleche Moment kënnt Dir Iech ënnert dësem Link ukucken.
Mir soen de Jonken – grad esou wéi den Enseignanten/Enseignanteën an Educateuren/ Educatricen, déi si begleet hunn – nach eemol villmools Merci fir hiren aussergewéinlechen Engagement! Si hunn eis gewisen, datt all Geste, sief en och nach esou kleng, zielt an datt mir zesummen d’Welt verbessere kënnen.
*BNE steet fir Bildung fir nohalteg Entwécklung.