Agenda

D’YEP! Schoulfoire 2025

-
-
Luxexpo

Déi 4. Editioun vun der 'D’YEP! Schoulfoire', gëtt vum 28. bis den 30. Abrëll 2025 an der Luxexpo organiséiert.

Firwat dobäi sinn?

  • Vill thematesch verschidden Ateliere wou d’Schülerinnen an d’Schüler hir Talenter entdecken a weiderentwéckelen kënnen.
  • Showen an der Arena mat Theater, Musek, Wëssenschaften a villes méi.
  • Verschidde Beruffswelten entdecken an a verschidde Beruffer andauchen.
  • Sech iwwert d’Offer vun de Lycéeën informéieren.

De 27. Abrëll ass eng Journée Grand Public a vum 28. bis den 30. Abrëll ass 'D’YEP-Schoulfoire' reservéiert fir Schoulklassen.

Entdeckt, léiert a maacht mat! Mir freeën eis, Iech ze begréissen!

Mellt Iech elo un op www.schoulfoire.lu.

Kontakt