< zereck
De 15. November 2019 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesumme mam Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Luc Marteling, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, der Presidentin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Myriam Welschbillig, an de Grënner vu spellchecker.lu, Michel Weimerskirch, Materialien an Online-Outile virgestallt déi et sollen erméiglechen, d’Lëtzebuerger Sprooch richteg ze schreiwen.
Presentéiert goufen och zwee Bicher, déi de SCRIPT mat editéiert huet:
All d’Informatiounen zu der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an zu de Materialien an Online-Outile fir Lëtzebuergesch richteg ze schreiwe sinn am Pressedossier vum Educatiounsministère ze fannen.