Actualitéiten

Lëtzebuerger Philosophieolympiad

Affiche Lëtzebuerger Philosophieolympiad
27/02/2020

Den 28. Februar ass déi zweet Oplag vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad zu Walfer um eduPôle. Organiséiert gëtt se vum Cercle de Philosophie a.s.b.l. an Zesummenaarbecht mam SCRIPT an der nationaler Programmkommissioun vum Fach Philosophie.

Et maachen 38 Schüler aus 21 verschiddene Lycéeë mat, si sinn tëscht 17 an 20 Joer al a kommen esouwuel aus dem Enseignement classique an aus dem Enseignement général.

Am Mëttelpunkt steet dëst Joer d'Thema Utopie. D’Epreuve besteet aus enger philosophescher Reflexioun, wéi d’Schüler se schonns aus dem Cours kennen. D’Kandidaten hunn zwou Stonnen Zäit, fir op Franséisch, Däitsch oder Englesch eng Äntwert op eng Fro au choix ze schreiwen. Dozou kënnt e gemeinsaamt Mëttegiesse wéi och nach e philosopheschen Atelier.

Déi zwee Gewënner vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad vertriede Lëtzebuerg op der International Philosophy Olympiad déi dëst Joer vum 21. bis de 24. Mee zu Lissabon a Portugal wäert sinn.

Fichiers à télécharger

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu