Actualitéiten

Webinar Einfach kodéieren!

Webinar Einfach kodéieren!
13/05/2020

De 7. Mee 2020 huet de Webinar Einfach kodéieren! via Webex stattfonnt.

Méi wéi 700 Enseignanten aus dem Enseignement fondamental a secondaire waren zougeschalt a nach emol 500 via Youtube.

Zil vun dëser Videokonferenz war d’Virstellung vum Kodéier-Programm fir den Zykle 4, deen ab der Rentrée 2020-2021 agefouert gëtt, an den Abléck an d’Erfarunge mat Kodéieren an der Schwäiz wou d’Enseignanten an d’Kanner zanter 10 Joer Medienbildung an Informatik an de Grondschoule léieren an ënnerriichten.

Falls Dir de 7. Mee net konnt Deel huele, kënnt Dir Iech um Internetsite www.educoding.lu an der Rubrik Aktualitäten d’Konferenz nodréiglech ukucken.     

De Webinar gouf vum SCRIPT organiséiert. Ënnerstëtzt  an duerchgefouert gouf d'Evenement vu CISCO/Webex an TELKEA.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu