Actualitéiten

Journées du livre et du droit d’auteur 2020: E Réckbléck

Journées du livre et du droit d’auteur
24/06/2020

Kee konnt virausgesinn, datt d’Thema En neien Ufank vun de Journées du livre et du droit d’auteur esou no un der Aktualitéit géif leien, wéi et dëst Joer de Fall war. Mir all musse lo mat enger neier Situatioun ëmgoe léieren a fir jidderee vun eis bedeit dat e neien Ufank.

Bedéngt duerch déi sanitär Kris hu verständlecherweis ganz vill Schoulen op d‘Editioun 2020 vun de Bicherdeeg verzicht.

De SCRIPT hat eng Rei Virschléi verëffentlecht, fir d’Ëmsetzung vun de Bicherdeeg un d’Aktualitéit unzepassen. 7 Grondschoule ware dësem Opruff nokomm an hu kreativ Iddien a vill flott Aktivitéiten an hirer Dokumentatioun erageschéckt. Si goufen duerfir mat engem Bicherbong belount.

Hei eng Auswiel vun den Aktivitéiten:

Op Basis vu konkrete Bicher goufe verschidden Aspekter vum Thema En neien Ufank behandelt:

  • Thema Zäit: Alle Zeit der Welt
  • Thema Erfindungen: 1001 Erfindungen, die die Welt verändert haben & Chilly da Vinci
  • Thema Klimaverännerungen: Greta und die Großen
  • Thema Neit Doheem: Wir ziehen um

Kanner hunn deels selwer Texter a Reportage verfaasst zum Beispill wéi en Element en neien Ufank an enger Geschicht markéiert huet, wat si als éischt wëlles hätten, wa si rëm dierften an d’Schoul kommen oder wat si wéilten anescht maache wéi virdrun. Eng Klass hat als Optrag ze iwwerleeë wat fir eng Erfindung mir 2020 bréichten, fir eng besser Welt ze hunn.

Méi kleng Kanner hunn deels Biller gemoolt oder krute Geschichte virgelies.

Et ass virgelies ginn iwwer Microsoft Teams, ënner aanerem mat Hëllef vu QR-Coden a vum Programm Book Creator. Och den Internetsite onilo.de ass fir d’Virliese genotzt ginn, zum Beispill fir d’Bicher Wer will den blauen Raben haben? oder fir Rosie und Moussa.

Kanner hunn hiert Liblingsbuch virgestallt, mat engem Trailer, engem Stop-Motion-Video oder engem Book in the box. Ganz innovativ war hire Bookface-Challenge, bei deem Schüler e Selfie gemaach hu mat engem Buch als “Gesiicht”.

All dës flott Iddie weisen, wéi d’Schoulen déi nei Medien ze hirem Notzen agesat hunn, fir de Kanner Literatur och an enger schwiereger Zäit méi nozebréngen.

Hei fannt Dir eng interessant Bicherlëscht zum Thema En neien Ufank.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu