< zereck
Den 10. November 2020 gouf den Nofollgerprojet vun dem Projet « Peer-Mediatioun » eng éischte Kéier de MataarbechterInnen aus de Schoulen offiziell virgestallt.
Dëse Nofollger-Projet ass eng Initiativ vum SNJ an Zesummenaarbecht mat dem SCRIPT an dem CEPAS am Kontext vun der Gewaltpreventioun a Schoulen a Lycéeën. De Projet wäert dëst Joer nach weider virbereet a konzipéiert ginn, fir dann ab nächstem Joer an de Schoulen nei unzelafen. E soll Kanner a Jonker dozou animéieren, fir sech méi intensiv mat dem Thema Gewalt auserneen ze setzen a sech beschtefalls zu Peer-mediateuren ausbilden ze loossen.
Am kuerze Video-Teaser ginn d'Grondprinzipie vum Projet nach eng Kéier visuell presentéiert.