Actualitéiten

Journées du livre et du droit d’auteur 2021

Journées du livre et du droit d’auteur 2021
23/12/2020

D’Journées du livre et du droit d’auteur ginn tëscht dem 19. an dem 23. Abrëll 2021 organiséiert. Well d’Theema vum leschte Joer “En neien Ufank” nach ëmmer immens gutt an den aktuelle Kontext passt an d’Participatioun an de Schoule wéinst dem Lockdown am Fréijoer zimlech geréng war, huet de SCRIPT entscheet, d’Theema fir 2021 nach eng Kéier opzegräifen.
D’Evenement riicht sech un d’Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.

Ëm wat geet et?
Mir all goufen am Fréijoer 2020 vun der sanitärer Kris iwwerrompelt a hunn eis ganz séier missen, gewollt oder ongewollt, un eng nei Realitéit gewinnen. D’Pandemie huet eis gezwongen, nei Weeër ze fanne fir ze kommunizéieren, ze léieren, ze schaffen a mateneen ëmzegoen. Distanz war op eemol dat neit Schlagwuert. Dëst war fir eis all eng nei an ongewéinlech Situatioun a mir hunn eis missen ëmstellen fir en neien Alldag ze fannen.

Déi sanitär Kris war an ass fir vill vun eis eng grouss Erausfuerderung a wäert eis Denkweis an eist Behuelen op laang Siicht prägen. Si bitt eis awer och eng Geleeënheet, d’Welt nei ze erfannen, nei ze zeechnen an d’Zukunft ënnert engem neien Aspekt ze betruechten.

Mir hunn och nei Méiglechkeete vun der Digitaliséierung entdeckt, sou z.B. wéi mir trotz Distanz awer Kontakt zu eise Léifsten hale kënnen.

Vläicht erliewe mir d’Welt elo méi bewosst, oder mir hunn eis virgeholl, besser mateneen ëmzegoen. Mir hu lo vläicht d’Chance, eis eng méi gerecht Welt net nëmme virzestellen, mee esouguer opzebauen.

Des Neierungen huet d’Joer 2020 eis bruecht.

Mënsche stoungen awer schonn dacks an der Geschicht viru neien Erausfuerderungen, an hu missen en neien Ufank woen, z. B. no de Weltkricher oder no Naturkatastrophen.

Awer och wichteg Erfindungen, technesch Entwécklungen a gesellschaftlech Verännerungen hunn e grousse Wandel mat sech bruecht, esou z. B. d’Erfanne vum Buchdrock oder vum Motor, d’Walrecht fir d’Fraen oder och d’Mënscherechtserklärung.

Och a sengem perséinleche Liewe stoung scho bal jiddereen emol, gewollt oder ongewollt, virun engem neien Ufank, sief et op familiärem, schouleschem oder berufflechem Plang.

Eis aktuell Gesellschaft verännert sech ganz séier a verlaangt, datt mir eis un déi Changementer upassen : et geet drëm, wéi mir matenee liewen an ëmginn, wéi mir ë. a. an de soziale Medie kommunizéieren, wéi mir eis Ressourcë verdeelen a mat eisem Planéit ëmginn.

Wéi eng Bicher kann een notzen?
Dir fannt am PDF-Dokument eng Bibliographie mat ville Kannerbicher, déi verschidde Facette vum Theema weisen. Et ass eng aktualiséiert Versioun vun der Bibliographie, déi am Fréijoer op www.schouldoheem.lu verëffentlecht gi war.

Wéi kann ee matmaachen?
D’Schoulen, déi matmaachen, ginn am Courrier de l’Éducation nationale 04/2021 ernimmt.
Umeldung (iwwert de Schoulbibliothecaire) mam Onlineformulaire https://tinyurl.com/jdl2021-ef bis den 12. Mäerz 2021

Kontakt: anne-marie.antony@men.lu / anne.biesdorf@men.lu

De SCRIPT offréiert Bicherpräisser un d’Schoulen, déi matmaachen.

Méi Informatioune a konkret Iddie fir d'Journées du livre et du droit d'auteur fannt Dir am PDF-Dokument.

Mir wënsche vill Freed bei den Aktivitéiten a soen elo scho Merci fir d’Matmaachen.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu