Actualitéiten

Webinaire De Rôle vum Lëtzebuergeschen an der Schoul

Webinaire Lëtzebuergesch an der Schoul
02/03/2021

De SCRIPT organiséiert, an Zesummenaarbecht mam Radio 100,7, de 16. Mäerz 2021 vun 14:30 bis 16:00 de Webinaire De Rôle vum Lëtzebuergeschen an der Schoul.

Et geet drëm de kohärente roude Fuedem opzezeechnen, ënnert wéi enge Forme Lëtzebuergesch am Bildungssystem virkënnt a wéi et sech gemeinsam mat de Friemsproochen, déi am Lëtzebuerger Curriculum integréiert sinn, zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummesetzt; dëst vun der Fréikanderzéiung, iwwert d’Grondschoul eran an de Lycée bis hin an d‘Erwuessebildung.

D’Invitéeë fir d’Diskussiounsronn sinn:

  • Mme Flore Schank, Institutrice-attachée, Éducation plurilingue et interculturelle, Pédagogie et didactique des apprentissages, Service de l’Enseignement Fondamental, ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse (MENJE);
  • Mme Simone Bleser, Lëtzebuergesch-Professesch, École Internationale de Differdange & Esch-sur-Alzette;
  • Mme Maisy Gorza, Direktesch f.f. vum Institut National des Langues (INL);
  • Mme Shari Schenten, Professesch, Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement secondaire.

Moderatioun: Radio 100,7.

Fir d’Enseignante gëtt dëse Webinaire als IFEN-Formation continue unerkannt. Aschreiwe kann een sech ënnert dësem Link.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu