Actualitéiten

www.entrepreneurship.lu ass online

www.entrepreneurship.lu
03/03/2021

De SCRIPT huet, a Kollaboratioun mat der Direction Générale des Classes moyennes vum ministère de l’Économie, den Internetsite www.entrepreneurship.lu lancéiert, eng nei Initiativ am Beräich vun der Fërderung vum Entrepreneuriat.

Dës Plattform ass d’Ulafstell vun dem neien nationale Label vun de Sustainable Entrepreneurial Schools.

Bei dëser Initiativ steet awer net exklusiv d’Entrepreneuriat am Virdergrond, mee allgemeng viséiert dëse Projet d’K-Kompetenzen un, dat heescht: d’Fërdere vun der Kommunikatioun, der Kollaboratioun, der Kreativitéit a vum kriteschen Denken. Den Esprit d’Initiative an d’Innovatiounsfähegkeet ginn esou bei de Jugendleche developpéiert.

Dëse Projet soll dozou bäidroen, dass déi Jonk vun haut déi néideg Kompetenze gewannen, fir sech an der Welt vu muer zurecht ze fannen.

D’Plattform entrepreneurship.lu huet d’Zil fir d’Schoulwiesen an déi real Wirtschaft zesummen ze bréngen, se ass also fir jiddereen, deen dodrun interesséiert ass. Se dokumentéiert de Schoulen hir Projeten a Fortschrëtt am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship a bitt den externe Projets-Partner Plaz fir mat Workshops, Mini-Stagen, Virträg, Concoursen, Visitten a Challengen déi Sustainable Entrepreneurial Competence bei Schülerinnen aus dem Enseignement Secondaire ze fërderen.

Lycéeën an extern Partner déi um Projet interesséiert sinn, kënnen sech mellen ënner entrepreneurship@script.lu.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu