Actualitéiten

#liesenassgesond: Déi nei Campagne vum Educatiounsministère a vum SCRIPT fir Loscht op Liesen ze maachen

#liesenassgesond: Déi nei Campagne vum Educatiounsministère a vum SCRIPT fir Loscht op Liesen ze maachen
04/06/2021

Ëmmer an iwwerall, ob doheem an der Fotell, um Kichendësch, an der Bibliothéik, um Smartphone oder op der Tëlee: Bicher si ronderëm eis an hir Geschichten inspiréieren eis all Dag.

Mee wéini sidd Dir fir d’Lescht esou richteg an e Buch agedaucht an hutt Iech vun him entféiere gelooss op eng spannend a léierräich Rees?

Um Webportal www.liesen.lu fannt Dir ab haut eng Hellewull vun Ureegunge fir dat eent oder anert Buch an de Grapp ze huelen, dat Dir nach net gelies hutt, oder deen een oder anere Klassiker aus engem anere Bléckwénkel ze kucken.

De Projet Lies! riicht sech un de Grand public, mee besonnesch och u Schoulklassen.

  • Liestournée an de Lycéeën

Um Site fënnt een vill Informatiounen iwwer Liesfërderung an der Schoul an ausserhalb vun der Schoul. Fir d’Schouljoer 2021-2022  kann sech all Lycée iwwert www.liesen.lu eng Schrëftstellerin oder ee Schrëftsteller an d’Schoul invitéieren, fir eng Liesung, respektiv de Beruff vum Schreiwen der Schoulcommunautéit méi no ze bréngen. Net manner wéi 23 Autorinnen an Auteuren hunn sech bereet erkläert, bei dëser Liestourneé matzemaachen.

  • E Podcast iwwer d’Léift zum Liesen

E puer vun hinnen huet de SCRIPT och an e Podcast invitéiert, wou si awer manner iwwer hier eege Wierker schwätzen, mee iwwer déi Bicher déi si selwer faszinéiert an inspiréiert hunn. D’Podcast-Serie wäert am Laf vun den nächste Wochen nach ergänzt ginn. Zu all Podcast gëtt et eng “Fiche Invité”, wou Dir Informatiounen iwwer d’Bicher fannt, iwwer déi geschwat gëtt.

  • Insolite Rencontere ronderëm d’Literatur

Flott Rencontere ginn et dann an de Videoen, déi fir d’Campagne gemaach gi sinn. Wann zwee Leit mat 60 Joer Altersënnerscheed iwwert de Sokrates diskutéieren, ee Model an eng Tiktokerin iwwer grouss historesch Evenementer an de Papp mam Fils iwwer dem George Orwell säin 1984, ass dat scho spannend.

  • Spillt mat bei Däi Buch an 3 Wierder

Spannend ass och wann een de Selbsttest mécht: Wéi eng Bicher erkennt Dir, wann se just an dräi Wierder resuméiert sinn? An der Rubrik Däi Buch an 3 Wierder kënnt och Dir Iech un esou engem Resumé versichen an Är Bekannten op d’Prouf stellen.

Leet direkt lass op www.liesen.lu an huelt Iech Inspiratioun fir Äert nächst Liblingsbuch. Well Dir wësst: #liesenassgesond.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu