Actualitéiten

Be a HEARo - Pop Music Week

Be a HEARo - Pop Music Week
02/03/2023

Am Kader vum Projet 'Be a HEARo' gett d''Pop Music Week' vum 22. bis de 26. Mee 2023 an der Rockhal organiséiert. D'Evenement riicht sech un Schoulklassen aus dem Cycle 3.2 bis dem Cycle 4.2 vum Enseignement fondamental.

Nieft dem edukative Concert vu 'Be a HEARo' gi verschidden Ateliere ronderëm d'Welt vun der Pop- a Rockmusek ugebueden. Schoulklasse kënnen sech also nieft dem Concert moies och nach fir dës Atelieren nomëttes umellen an esou e ganzen Dag an der Rockhal verbréngen!

D'Ateliere wäerten déi dräi Themeberäicher 'Musek maachen', 'Medien a Marketing', souwéi 'Luucht- an Tountechnik' ofdecken. All Klass, déi sech fir d'Atelieren umellt, wäert deemno dräi verschidden Ateliere matmaachen, an esou déi dräi Themeberäicher kenneléieren.

De Concert geet all Dag um 9:15 Auer un an dauert ronn annerhallef Stonn. Den éischten Atelier start um 12:30 Auer an de Leschten hält um 14:35 Auer op.

Mellt iech also elo séier entweeder fir de Concert oder de Concert mat den Atelieren ënnert dësem Link un, fir nach eng vun de beléifte Plazen ze kréien.

Ëm wat geet et beim Projet B'e a HEARo'?

Déi edukativ Concerte vu 'Be a HEARo', déi vum Rocklab an Zesummenaarbecht mam SCRIPT organiséiert ginn, erfreeën sech all Joer enger grousser Beléiftheet.

Am Concertssall Club vun der Rockhal gëtt de Schoulklassen aus dem Cycle 3.2 bis dem Cycle 4.2 aus dem Enseignement fondamental vun enger Band op eng anschaulech an ënnerhalsam Aart a Weis Rock- a Popmusek, souwéi vill spannend Hannergrondinformatiounen iwwer dës Genrë méi no bruecht.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu