Actualitéiten

Finall vum 'Virliesconcours 2023' zu Esch

Finall vum 'Virliesconcours 2023' zu Esch
30/05/2023

Bei der 18. Editioun vum 'Virliesconcours' hunn eng 4.600 Schülerinnen a Schüler aus 15 Regionaldirektioune matgemaach.

Dëst Joer goung et fir d’Kanner drëm, en Extrait zum Theema 'Gléck' ze fannen a virzeliesen.

Zanter 2020 leeft de 'Virliesconcours' an der Challenge-Variant: D’Schoulbibliothecairinnen/ Schoulbibliothecairen oder d’Enseignanteë/ Enseignantë mellen hir Gewënnerin oder hire Gewënner beim SCRIPT a schécken en Audiofichier vum bekannten Text eran.

Et koum eng grouss Panoplie vun Texter zu dësem ganz universelle Sujet eran an den interne Jury hat vill Freed, fir d’Extraiten ze lauschteren. Et war awer och eng Erausfuerderung, fir aus de 94 Schoulgewënnerinnen a Schoulgewënner 15 Finalisten ze definéieren, ee pro Regionaldirektioun.

An enger spéiderer Nummer vum Courrier de l'Éducation nationale (CEN) wäerten e puer Bicher virgestallt ginn: där, déi d’Kanner gewielt hunn an där, déi de SCRIPT erausgesicht huet. D’Kanner, déi sech fir d’Finall qualifizéiert hunn, krute scho Bescheed gesot.

D’Finall vum 'Virliesconcours' ass de 27. Juni 2023 um 14h30 zu Esch am Ariston. Wéinst dem méi klenge Sall leeft d’Finall just op Invitatioun: d’Finalistinnen an d’Finalisten decidéieren, wéi e Public si matbréngen, fir si ze ënnerstëtzen.

Wéi gewinnt wäert en externe Jury de Kanner nolauschteren, wa si hire bekannten Text zum Theema 'Gléck' virliesen an dann ouni Virbereedung en onbekannten Extrait zum Theema virgeluecht kréien, an dat an der Sprooch, déi si scho fir de bekannten Text gewielt haten.

De SCRIPT wënscht elo schonn alle Finalistinnen a Finaliste vill Gléck fir d’Finall de 27. Juni!

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu