< zereck
Déi 6. Editioun vun der 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)' gëtt de 25. Mäerz 2025 vun 09:30 bis 17:00 Auer am Forum Geesseknäppchen organiséiert.
De ganzen Dag iwwer steet den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an den ONGen am Vierdergrond.
Besicht iwwer 65 Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung ubidden, oder huelt un enger zertifiéierter Weiderbildung deel, an där Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn (Aschreiwunge fir Enseignanten an Educateuren iwwert www.ifen.lu, passend Links dozou am Programmheft).
An der Mëttesstonn ass den offiziellen Deel mam M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a mam M. Serge Wilmes, Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit.
Fir nohaltegt, lokaalt, saisonaalt a fairt Iessen a Gedrénks suergt Restopolis.
D’Foire gëtt vum SCRIPT, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable an der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire op d'Bee gestallt.