Actualitéiten

De Kanner- a Jugendliteraturpräis 2027 ass lancéiert!

''
30/09/2026

Fir déi aktuell Editioun vum 'Kanner- a Jugendliteraturpräis (KJLP)' ginn Erzielungen an zwou Kategorië gesicht:

  • Erzielunge fir Kanner aus dem Cycle 4
  • Erzielunge fir Jonker vu 4e

D’Theema vum Concours ass dëst Joer 'Haut an elo'.

Gesicht gi Geschichten, déi sech mat där Welt befaassen, an där Kanner a Jonker haut tatsächlech grouss ginn. Wat sinn Erausfuerderungen, deene si haut ausgesat sinn? Mat wéi enge Froen, Hoffnungen a Suerge beschäftege si sech? Wat sinn hir Dreem?

Matmaache kann all Auteur an all Autorin vu 16 Joer un.

De 'KJLP' ass e Concours fir literaresch Texter op Lëtzebuergesch. E gouf 2022 vum SCRIPT an d’Liewe geruff, fir d’Offer vu Literatur op Lëtzebuergesch an de Schoulen ze erweideren.

D’Reglement an d’Conditiounen, fir beim Concours matzemaachen, sinn ënnert dësem Link disponibel.

Kontakt: kjlp@script.lu.

Kontakt