Actualitéiten

Startup Corner vun der HoST

Start up!
30/11/2020

Den neie Podcast vun der House of Startups, de Startup Corner, ass seit leschter Woch op www.host.lu accessibel. Dëse Podcast vun der HoST gëtt ënnerstëtzt vum SCRIPT a kënnt eemol de Mount mat Theme ronderëm Start-Ups, Innovatioun, digital Innovatioun etc. eraus a gëtt Start-Up-Grënner, Business Angels an Innovatiounsexperten d’Wuert.

D’Podcaste sinn esou konzipéiert, datt se zäitlech optimal an eng Schoulstonn passen an thematesch a ganz ënnerschiddleche Fächer kënnen agesat ginn. Dës Initiativ vun der HoST reit sech ideal an d’Neiausriichtung vum Projet vun den Entrepreneurial Schools an, deen ab Februar 2021 eng nei Ausriichtung als nationale Label kritt an ënnert dem Numm vu sustainable entrepreneurial schools wäert ulafen.

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu