Iwwert eis

De SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques) ass ee vun den Haaptmotore vun der Bildungsentwécklung zu Lëtzebuerg. E këmmert sech drëm, dass d’Prioritéite vun der Bildungspolitik duerchgefouert ginn an dréit op dës Aart a Weis zur Entwécklung vun der Schoulqualitéit bäi.

Sou hëlleft de SCRIPT beim Ausschaffe vu schouleschen an ausserschoulesche Projeten, bei der Diffusioun vu praktesche Schoulbeispiller, bei der Vernetzung vun de Schoulen, bei der Entwécklung vun de Léierpläng, wéi och bei der Entwécklung, der Verëffentlechung a bei der Verdeelung vun didaktesche Materialien. Zousätzlech garantéiert de SCRIPT d’Produktioun an d’Interpretatioun vun detailléierten a pertinenten Donnéeën a Statistiken. Nieft dëse sëllechen Aktivitéiten, ass de SCRIPT awer och e Spezialist an der audiovisueller Produktioun an Dokumentatioun vu Projeten oder Aktivitéiten a Bezuch op d’pedagogesch Bildung an d’Innovatioun.

De SCRIPT schafft an enker Zesummenaarbecht mat Fuerschungsinstituter a koordinéiert d’Fuerschungsaktivitéiten zum lëtzebuergesche Bildungsëmfeld.

De SCRIPT gehéiert zum Ministère de l’éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE). E gouf duerch d’Gesetz vum 7. Oktober 1993 gegrënnt an duerch d’Gesetzer vum 6. Februar 2009 a vum 14. Mäerz 2017 restrukturéiert.

Fir all seng Aufgaben z’erfëllen, ass de SCRIPT a fënnef Divisioune mat spezifeschen Aktiounsberäicher gegliddert:

  • Divisioun vun der pedagogescher an technologescher Innovatioun
  • Divisioun vun der Koordinatioun vun den Initiativen an de pedagogesche Programmer
  • Divisioun vun der Entwécklung vum Curriculum
  • Divisioun vun der Entwécklung vum didaktesche Material
  • Divisioun vun der Informatiounsveraarbechtung iwwert d’Qualitéit vum Encadrement an der Schouloffer

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu