Actualités

Delegatioun vum SCRIPT op de Beruffsweltmeeschaften zu Kazan

16/09/2019

Vum 22. bis de 27. August 2019 war déi 45. Editioun vun de Beruffsweltmeeschterschaften Worldskills zu Kazan a Russland. Insgesamt waren zu Kazan 63 Natioune mat ronn 1400 KandidatInne vertrueden, déi a 56 ënnerschiddleche Beruffsconcourse géinteneen ugetruede sinn.

Lëtzebuerg ass Member vun der Associatioun Worldskills International, vertrueden duerch déi national Worldskills Luxembourg asbl, vun där de SCRIPT e wichtege strategesche Partner ass. Als Virbereedung op déi Lëtzebuerger Beruffsmeeschterschaften, de Luxskills, déi vum 20. bis den 23. Abrëll 2020 wäerte sinn, war eng Delegatioun vun dem SCRIPT, dem Service vun der Formation professionelle a vun der Chambre de Commerce zu Kazan fir den Opbau an de Fonctionnement vun den neie Beruffsconcoursen ze gesinn.

D’Beruffsmeeschterschafte ginn nämlech Hand an Hand mat der permanenter Moderniséierung a Verännerung vun de gefrote beruffleche Kompetenzen. Eng Moderniséierung vun der Ausbildung bedeit och eng Moderniséierung vun de Skills-Kompetitiounen. Esou wäerten deemno op der 10. Editioun vun der Luxskills Competitioun am Joer 2020 ganz nei Beruffer vertruede sinn, wéi z.B. an der Mobile Robotics, am Beräich vun de Computer Sciences, dem Web- a Grafic Design, awer och dem Entrepreneurship an den Ëmweltwëssenschaften. Alles Kärkompetenze vum 21. Joerhonnert, déi momentan an der Educatioun eng wichteg Roll spillen, fir déi Jugendlech optimal op d’Beruffswelt virzebereeden.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu