Actualités

Präisiwwerreechung vun der Lëtzebuerger Informatiksolympiad

19/09/2019

De 16. September 2019 war d’Präisiwwerreechung vun der Lëtzebuerger Informatiksolympiad am Lycée technique de Bonnevoie (LTB).

Dës national Meeschterschaft gouf scho fir d’28. Kéier organiséiert. Et geet drëms, d’Beräicher vum logeschen Denken, dem Programméieren an dem Codéieren ze promouvéieren.

De Concours besteet aus 4 Deeler: am éischten Tour hu ronn 40 Schülerinnen a Schüler aus verschiddene Lycéeë matgemaach, éier duerno d’Hallef-Finall, Trainingssessioune virun der Finall an zum Schluss d’Finall organiséiert goufen.

Vu datt d’Informatik e Beräich ass, dee sech bestänneg weiderentwéckelt, muss ee gutt an internationale Reseaue vertruede sinn, fir hei op der Héicht ze bleiwen. Aus deem Grond huelen déi bescht Lëtzebuerger SchülerInnen och all Joer op de Benelux-Championnater deel. En plus hunn déi 4 Finaliste vun der nationaler Meeschterschaft d’Land als Team Lëtzebuerg am August op der 31. International Olympiad in Informatics (IOI) zu Baku am Aserbaidschan vertrueden.

De SCRIPT ass zënter laangem strategesche Partner vun der Lëtzebuerger Informatiksolympiad asbl an ënnerstëtzt hir edukativ Initiativen. Hiren Aufgabeberäich gëtt an den heitegen Zäiten ëmmer méi wichteg a genau esou wichteg, wéi et ass, fir de Prinzip vum logeschen Denken a Codéiere méi breet an der Educatioun ze verankeren, esou wichteg ass et och, fir mat Partner Initiativë bereetzestellen, wou dës Matièren nach méi verdéift ginn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu