Actualités

Lëtzebuerger Equipe bei der Robotikmeeschterschaft zu Dubai

05/11/2019

Vum 24. bis de 27. Oktober 2019 war zu Dubai d’FIRST Global Challenge, eng Robotikmeeschterschaft, fir déi aus iwwer 180 Länner Equippen ugereest sinn, fir sech am Beräich vum Codéieren an der Robotik mat aneren Natiounen ze moossen. Och Lëtzebuerg war mat enger Equipe präsent. Lëtzebuerg gouf vun der Organisatioun Make it asbl vertrueden, vun där de SCRIPT e wichtege strategesche Partner ass.

Als Virbereedung op déi Lëtzebuerger Beruffsmeeschterschaften, der Luxskills Competition, déi vum 20. bis den 23. Abrëll 2020 organiséiert gëtt, war eng Delegatioun vun dem SCRIPT, dem Service vun der Formation professionelle a vun der Chambre de Commerce zu Dubai dobäi, fir den Opbau an de Fonctionnement vun dësem neie Concours ze studéieren.

 

Weider Evenementer am Beräich vum Codéieren an der Robotik

De Lëtzebuerger Educatiounssystem wäert sech an den nächste Jore verstäerkt mat dem Beräich vum Codéieren a Programméieren auserneesetzen, fir de Schüler*innne dës wichteg Kompetenze vum 21. Joerhonnert méi no ze bréngen. D’Robotik, dat heescht d’Baue vun engem passende Roboter fir bestëmmten Aufgaben z’erfëllen ass just een Element. Donieft spillt d’Codéieren; deemno d’Schreiwe vun Algorithmen, fir de Roboter ze manövréieren, eng ganz grouss Roll. D’Robotik ass ee Feld, wou een an direkter Weis den Impakt vum Codéiere gesäit.

Esou Initiativë wéi déi vun der FIRST Global si wichteg fir an dësem nach jonke Kompetenzberäich Erfarungen ze sammelen an nei Netzwierker opzebauen. Och national wäerten ëmmer méi esou Initiativen entstoe fir d’Visibilitéit an de Knowhow ze vergréisseren, wéi zum Beispill iwwert Ateliere wärend der CodeWeek oder och dem Lego-Robotik-Concours, deen am Januar wäert stattfannen.

Op der 10. Editioun vun der Luxskills Competition (och hei ass de SCRIPT e wichtege strategesche Partner bei der Organisatioun) am Joer 2020 wäerte ganz nei Beruffer vertruede sinn, wéi zum Beispill eben och am Beräich vun de Mobile Robotics. Hei wäerte vill jonk Schüler*innen  aus dem Cycle 4, awer donieft och Jugendlecher aus dem Cycle inférieur d’Asazberäicher vum Codéieren an der Robotik presentéiert kréien an doriwwer eraus och d’Méiglechkeet hunn, fir sech selwer am Codéieren ze probéieren.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu