Actualités

Nei Modalitéite fir de Virliesconcours

Affiche Virliesconcours 2020
14/04/2020

Am aktuelle Kontext ass et onvermeidlech, datt och beim Virliesconcours 2020 verschidden Adaptatioune musse gemaach ginn. Et gëtt dëst Joer keng national Finall mee et gi regional Finallen.
Déi genee Modalitéite fannt Dir am PDF-Dokument ënnen op der Säit.

 

Virliesconcours 2020

De Virliesconcours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum SCRIPT organiséiert gëtt, leeft 2020 fir d'15. Kéier.

D’Thema vun dëser Editioun vum Virliesconcours ass:

 Gerechtegkeet

Wat ass gerecht – wat ass ongerecht?

Dës zwou Froe waren zu all Zäit wichteg, am Alldag vu jidderengem, awer och a méi groussen Zesummenhäng an der ganzer Gesellschaft. Zu verschidde Momenter an der Geschicht koum et verstäerkt zu Ongerechtegkeeten a vill Leit hunn dorënner gelidden. Mir wëssen, datt et och haut dacks net gerecht zougeet – weder am reellen nach am virtuelle Liewen. Zu all Zäit gouf et Leit, déi sech bewosst fir méi Gerechtegkeet agesat hunn. Haut sinn et virun allem déi Jonk, déi eng méi gerecht Zukunft fuerderen.

 

Fir weider Informatiounen:

Anne-Marie Antony (anne-marie.antony@men.lu) & Anne Biesdorf (anne.biesdorf@men.lu)
Telefon : 247-85184 / 247-75192

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu