Actualités

Groussen Interessi fir d’Offer vu mimamu.lu a makedra.lu wärend dem Confinement

Groussen Interessi fir d’Offer vu mimamu.lu a makedra.lu wärend dem Confinement
14/07/2020

Wéi am Mäerz d’Covid-19-Kris an de Schoule Realitéit gouf, ass den Internetsite www.schouldoheem.lu online gaangen fir et de Schüler ze erméiglechen, och vun doheem aus ze léieren.

Vun dësem Internetsite aus gouf en direkten Accès op d’Internetsitte www.mimamu.lu (Mir maache Musek) an www.makedra.lu (Maach (k)een Drama) erstallt: www.mimamu.lu/schouldoheem. D’Materialien déi hei ugebuede ginn, sinn all esou zoubereet ginn, dass d’Kanner zesumme mat den Elteren doheem, ouni Hëllef, flott an interessant Museks-, Theater- a Bastelaktivitéite maache kënnen.

Op d‘Kalennerjoer 2020, vum Januar bis Mëtt Juli gekuckt, sinn dofir d’Zuele vun de Logins, der Recherche fir d’Materialien an den Downloads ganz interessant. Ronn 2.100 Enseignanten besëtzen e Login fir mimamu/makedra, si hunn de Site vu Januar bis Juli 12.934 mol besicht mat 1.176.634 verschidde Klicks.
Op mimamu.lu/schouldoheem ass mimamu/makedra wärend dem Déconfinement iwwer 10.000 mol opgeruff ginn.

Dës Zuelen ënnersträichen e groussen Interessi bei den Enseignanten, de Kanner an den Elteren un der Offer vu mimamu/makedra. D’Equipe vu mimamu/makedra gesäit dëst als Usporn fir weiderhin alles drunzesetzen de Museks-, Theater- a Konschtunterrecht an de Schoulen ze fërderen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu