Actualités

D’Editioun 2020 vum Katalog Lies a fléi ass disponibel

Lies a fléi De Katalog
08/09/2020

De Katalog Lies a fléi wëll derzou bäidroen, d’Freed um Liesen ze vermëttelen. En proposéiert interesséierten Enseignanten, Elteren a Kanner, jidderengem, dee Spaass mam Liesen huet, eng Iwwersiicht vun de Kannerbicher a Lëtzebuerger Sprooch.

Lies a fléi ass gratis a kann iwwert de Katalog vun de Schoulbicher aus dem Enseignement fondamental bestallt ginn. Fir d’Elteren, déi op e Chèque-service Urecht hunn, ass en disponibel via www.staark-kanner.lu. D’Onlineversioun vum Katalog ass ënnert dësem Link ze fannen.

Dës Publikatioun koum fir d’éischt am Joer 2007 eraus, als Supplement zu den 2 Anthologië mat lëtzebuergeschen Texter Lies a fléi 1 an 2 fir d’Grondschoul. De Katalog stellt souwuel déi Bicher vir, aus deenen d’Auszich an de Lies a fléi-Anthologië stamen, wéi och e Choix vun neie Kannerbicher a Lëtzebuerger Sprooch, déi vu Summer 2019 bis Fréijoer 2020 erauskoumen. Och bei dëser Editioun vum Katalog maachen d’Iwwersetzungen e groussen Deel vun den neie Kannerbicher op Lëtzebuergesch aus.

Am Verglach mam leschte Katalog sinn ëm déi 50 nei Wierker bei dëser 11. Editioun dobäikomm. Nieft all virgestalltem Buch fënnt een am Katalog eng faarweg Sträif, déi d’Altersgrupp uweist, fir déi dat Buch recommandéiert gëtt. Dës geet vun der Petite enfance bis zum  Cycle 4.

Ganz nei ass, datt de Centre de Documentation pédagogique vum Institut de formation de l’Education nationale IFEN en extra Fonds documentaire opgebaut huet mat de Bicher, déi am Laf vun der Zäit am Katalog Lies a fléi waren. Dës Bicher kënnen ausgeléint ginn, d’Referenze sinn am Onlinekatalog www.a-z.lu ze fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu