Actualités

Virliesconcours 2021: Famill

Virliesconcours 2021: Famill
16/11/2020

De Virliesconcours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum SCRIPT organiséiert gëtt, leeft 2021 fir d‘16. Kéier.

D’Thema vun dëser Editioun vum Virliesconcours ass:

Famill

Jidderee vun eis ass vun dësem universellen Thema betraff. Déi eng, well se u schéin Erliefnesser denken, anerer well se vläicht och scho schwéier Momenter an der Famill erlieft hunn an dacks op d’Ënnerstëtzung vu Familljememberen ziele konnten. Am Lockdown hu mir eng intensiv Zäit mat engem Deel vun eiser Famill verbruecht, an aner Familljememberen vermësst, déi mer vill ze wéineg gesinn hunn. Et war schwéier, seng Léifst ze schützen, andeems ee vun hinnen ewechbliwwen ass.

Mä och am Normalfall ass d’Thema Famill omnipresent, sief et well et witzeg, komesch, traureg oder ergräifend Situatiounen an der Famill gëtt, oder well sech eng Familljesituatioun geännert huet a mir eis ëmstelle missten. Haut gëtt et souvill Forme vu Famill: Patchwork-Famillen, eleng erzéiend Elteren, gläichgeschlechtlech Elteren, Adoptivfamillen, Fleegefamillen... An dach hu se all eppes gemeinsam: si liewen an erliewen villes zesummen, mol Guddes, mol manner Guddes.

Dëst wichtegt Thema kënnt a ville Kannerbicher, a Klassiker wéi och a neie Bicher, vir. D’Schüler wäerte sécher interessant Texter derzou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen.
Vu d’aktuell sanitär Kris ass de Virliesconcours ugepasst ginn a gëtt no der Designatioun vun engem Schoulgewënner als Challenge weidergefouert. Et gëtt duerfir keng Haleffinallen a keng Finall mat Publikum.

De Jury délibéréiert ëm den 22. Juni 2021 per Videokonferenz fir de nationale Gewënner opgrond vun den Audio-Dateien vun de Schoulgewënner ze ermëttelen.

An der Broschür zum Virliesconcours 2021 gëtt den Oflaf vum Concours méi am Detail beschriwwen.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu