Actualités

Schouldoheem.lu on air!

schouldoheem.lu on air
28/12/2020

An der Woch vum 4. bis den 8. Januar 2021 ass, opgrond vun der sanitärer Kris, erëm schouldoheem ugesot. D’Enseignantë begleeden d’Kanner an déi Jonk op Distanz. Fir si ze entlaaschten an de Schülerinnen a Schüler aus der Grondschoul e puer flott Léiermomenter ze bidden, bréngt de SCRIPT vun dënschdes bis freides all Dag véier bis fënnef Live-Streams à jeeweils maximal 45 Minutten op de Schierm. Dës ginn op Lëtzbuergesch ugebueden.

Fir all Cycle ass eppes virgesinn, et geet ëm Theater, Musék, Danzen, Nohaltegkeet, eis gebaute Welt a Kodéieren. D’Equippë vu mimamu.lu, vu makedra.lu, vun Eis gebaute Welt, vun den Instituteurs spécialisés en compétences numérique a vun der École nationale de l'éducation physique et des sports (ENEPS) hu sech Online-Coursen iwwerluecht, déi sech liicht an den “normale” Schoulalldag abette loossen.

Dës ginn zu Walfer opgeholl a live iwwert de schouldoheem.lu-YouTube-Kanal iwwerdroen.

D’Kanner, déi beim Flashmob-Danz matmaachen, kënnen donieft och flott Präisser gewannen.

Op www.schouldoheem.lu/on-air fannt Dir eng Iwwersiicht iwwert déi verschidde Streamen, déi ugebuede ginn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu