Actualités

INDEX OF READINESS FOR DIGITAL LIFELONG LEARNING

Ranking
03/02/2021

D’Etude vum “Centre for European Policy Studies” (CEPS) an Zesummenaarbecht mat “Grow with Google” ass am November 2019 presentéiert ginn.

Dës Etude stellt eng Partie Lëtzebuerger digital Outile als “Best practices” vir, wéi zum Beispill den eBAC mam eCampus an d’Léierplattform MathemaTIC.

Dës Outile droen zu méi Chancëgläichheet bäi, wat den Zougank zu enger Schoulausbildung fir jiddereen zu Lëtzebuerg ugeet.

Lëtzebuerg hëlt an dëser Studie déi 4. Plaz an, wat den digitale Léierbereetschaftsindex an Europa betrëfft. D’Haaptstäerkte vu Lëtzebuerg sinn d’Disponibilitéit vum digitale Léieren, de schouleschen Niveau an d’Participatioun um Schoulwiesen.

Lëtzebuerg ass eent vun de wéinegen EU Länner, wou souwuel d’Politik wéi och d’Institutiounen dat digitaalt Léieren immens fërderen. Ee vun de Verbesserungsvirschléi vum Rapport ass, datt déi digital Fäegkeeten a Kompetenze vum Léierpersonal zu Lëtzebuerg nach weider ausgebaut kéinte ginn.

Méi Informatioune kënnt dir am Rapport vum CEPS noliesen

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu