Actualités

Franséisch an der Schoul: E Webinaire vum SCRIPT a vum Radio 100,7

Franséisch an der Schoul: E Webinaire vum SCRIPT a vum Radio 100,7
02/06/2021

Wéi erliewe Schüler a Studenten d’Franséisch-Léieren am Lëtzebuerger Schoulsystem? Wat sinn d’Ufuerderungen un d'Enseignéieren vun dëser Sprooch? A wéi eng Roll spillt d’Franséischt an onser Gesellschaft?

Dës an aner Froe stinn am Mëttelpunkt vum Webinaire, deen de SCRIPT an de Radio 100,7 de 15. Juni 2021 vu 14h30 bis 16h00 proposéieren. De Webinaire gëtt och am Livestream iwwerdroen. E Link fir de Livestream ass den Dag selwer op der Websäit vum Radio 100,7 ze fannen.

Am Studio sinn:

  • d’Tonia Raus, Professesch fir Franséisch Literatur an hier Didaktik an Direktesch vun der Franséisch-Filière vum “Master en enseignement secondaire” op der Uni.
  • d’Christiane Bechtold, Schoulmeeschtesch détachéiert um SCRIPT a Spezialistin fir d’Entwécklung vun didakteschem Material fir Franséisch an der Grondschoul.
  • d’Jessica Walté, Franséisch-Professesch am Lycée des Arts et Métiers an Auteure vu franséische Schoulbicher a Programmer fir de Secondaire.
  • den Nicolas Palumbo, Conseiller didactique, Formateur fir Franséisch um Institut de formation de l’éducation nationale (IFEN) a Franséischenseignant am Lycée Nic Biever Dudelange.

An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren an och d’Stëmme vu Franséisch-Apprenanten.

D’Nolauschterer kënnen hir Froen iwwer d’Email fro@webinar.lu oder per WhatsApp (621440044) stellen.

D’Participatioun vun Enseignante um Webinaire gëtt vum Institut de Formation de l’Éducation nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt.
Méi Informatiounen heizou sinn ënnert dësem Link ze fannen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu