Code Week 2018 : Les projets des lycées participants

L’Atert Lycée Redange (ALR), le Lycée Edward Steichen (LESC), le Lycée Robert Schumann (LRSL), le Lycée Michel Lucius (LML), le Lycée technique de Lallange (LTL), le Lycée technique du Centre (LTC) et l’European School Luxembourg I ont participé à la Code Week qui a lieu entre le 6 et le 21 octobre 2018. La Code Week est un événement international sous le patronage de l’Union Européenne. Cette initiative vise à promouvoir le codage et la culture numérique de manière ludique et engageante. 
Les sept lycées qui ont pris part à cet événement ont proposé les ateliers suivants :

Atert Lycée Redange
Taking programming into the real world: Zil vum Workshop war et, fir Schüler vun 3e bis 1ère, déi schonn ugefaangen hunn am Python ze programméieren, ze weisen, wéi ee Programmer schreiwe kann, déi eng Interaktioun mat der reeller Welt erlaben. Dofir hu mir mam Bastelcomputer RaspberryPi a mam SenseHat geschafft, deen ausgerüst ass mat enger Rei Sensoren (Accélérometer, Temperatur, Joystick, ...) a mat enger 8x RGB 8LED Matrix, déi och programméiert ka ginn.

Lycée Edward Steichen 
Projet I - MakerSpace: Eis Schüler hu geléiert, wéi een ee Lego Mindstorms Roboter steiert a programméiert, woubäi mir d'Lego Mindstorms Software an och d'Makecode Software vu Microsoft benotzt hunn.
Projet II - Le contenu et les objectifs de l'entreprise : Apprendre à coder dans un langage international « SWIFT », découvrir le monde des drones pour voir notre environnement autrement, participer à la première visite virtuelle d’un établissement scolaire luxembourgeois, prendre part au programme international « Everyone can code », découvrir la langue française dans un autre contexte, savoir coder pour décoder le monde qui nous entoure.

Lycée Robert Schumann
De Lycée Robert-Schuman huet wärend der Codeweek en Atelier iwwert Arduino ugebueden. D’Participanten hunn do geléiert, wéi een den Arduino programméiere kann, fir ënner anerem LEDs un d’Liichten ze bréngen, fir Sensoren (z. B. Fiichtegkeetssensor) ze benotzen an awer och wéi een elektronesch Circuite plangt an opriicht. Op dës Manéier haten d’Schüler en interessanten Astig an d’Programméierung an an d’Elektronik.

Lycée Michel Lucius 
Steier een LED Panel Atelier: Am Alldag begéins du se iwwerall: LED Panelen. Sief dat op Werbepanneaue wéi virun enger Apdikt, fir unzeweisen, wéi vill Vel’ohe wou wéini fräi sinn, fir unzeweisen, wéini deen nächste Bus/Tram kënnt, a.s.w. An eisem Atelier léiers du unhand vun engem Mini-Computer (Raspberry Pi), wéi een esou eng Anzeig ganz einfach kann usteieren.

Lycée Technique Lallange
Mir hu mat eise Schüler mam Kniwwelino geschafft, andeem s mer fir d’éischt bestoend Beispiller als Aféierung an de Kniwwelino benotzt hunn, déi dann an enger nächster Phase ëmgebaut hunn, fir an enger leschter Phase eege Programmer ze schreiwen.

Lycée technique du Centre
An eisem Atelier hu mer mat mBot Roboter vun der Mark „MakeBlock“ geschafft. D’Objektiv war et, dass d’Schüler op eng spilleresch Aart a Weis a Kontakt mat der Programmatioun sollte kommen.

European School Luxembourg I
Program your robot with a calculator? If possible!: The programming was done mainly form a calculator model TI-NSPIRE CX CAS, which is part of the curriculum of our school.