Virliesconcours 2019: Zesumme liewen – Zesummeliewen

De Virliesconcours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum SCRIPT organiséiert gëtt, leeft 2019 fir d‘14. Kéier.

D’Thema vun dëser Editioun vum Virliesconcours ass:

Zesumme liewen - Zesummeliewen

Brénge mir et fäerdeg, Viruerteeler a Klischeeën ze iwwerwannen, eis Matbierger net no Nationalitéit, Bildungsniveau, Relioun oder anere Kritären ze beuerteelen? Wéi kënne mir an eisem Land, dat aus engem Mix vun Nationalitéiten a Kulture besteet, esou zesumme liewen, datt all Ënnerscheeder net als Behënnerung, mee als Beräicherung kënne gesi ginn, an esou e friddlecht a frëndlecht Zesummeliewen erméiglecht ka ginn?

Et kënne verschidde Facettë vum Thema beliicht ginn: den Extrait kann eng Situatioun beschreiwen, an där d’Zesummeliewe méi schwiereg ass, well sech op Viruerteeler gestäipt gëtt. E kann awer och e Moment weisen, wou ee gesäit, datt Ënnerscheeder eng Beräicherung sinn. De gewielten Extrait kann och beschreiwen, wéi een aktiv géint Klischeeën oder Viruerteeler ugeet.

D’Finale ass Dënschdes, den 2. Juli 2019 am Kulturhaus zu Miersch.

An der Broschür zum Virliesconcours 2019 ginn den Oflaf vum Concours an d’Rolle vun de verschidden Acteure méi genau beschriwwen.