Actualités

Concours 'Hello Spring'

Concours 'Hello Spring'
20/12/2023

Och dëst Joer gëtt nees de Concours 'Hello Spring' fir all 7P-, 7G- a 7C-Klassen an Zesummenaarbecht mam SCRIPT, der Association des biologistes luxembourgeois (ABIOL) an dem Naturmusée organiséiert.

Et geet drëms, d'Erwäche vun der Natur am Fréijoer mat Hëllef vun e sëllegen Zeigeraarten ze dokumentéieren. 

D'Schüler a Schülerinne kenne per 'Hello Spring'-App (geet fir iOS & Android) hir Beobachtunge mat hirem iPad, enger Tablett oder dem Smartphone maachen an den Enseignant/ d'Enseignante kann op der Homepage www.hellospring.lu validéieren, op d'Foto korrekt ass oder eben erklären, firwat d'Foto net ugeholl gëtt.

Offizielle Start vum 'Hello Spring' ass méindes, den 29. Januar 2024. Dir kënnt Iech awer och nach spéider umellen.

Mellt Iech roueg, wann dir Froe sollt hunn: info@hellospring.lu.

Ënnert dësem Link kënnt Dir Iech umellen.

Äert Organisatiounsteam vum 'Hello Spring'.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu